
Dëse Sonndeg 29. September ass den internationalen Anti-Gaspi Dag. Dës ganz Woch beschäftege mir eis dann och mam Thema. Wat genau gi mir dann do gewuer, Nico Thielen
An dësem Interview schwätze mir mam Tom Leclerc vun der Administration des services techniques de l'agriculture. D'Liewensmëttelverschwendung fänkt do un wou een sech zevill Liewensmëttel uschaft: Also beim Akaf. Dofir ass et wichteg déi éischt gëllen Antigaspi Reegel ze beuechten, nämlech "Intelligent Akafen". Den Tom Leclerc erklärt am interview, wéi ee säin Akaf am beschte plangt, an op wat een am Supermarché soll oppassen.
Iwwert d' Woch verdeelt schwätze mer iwwert den Antigaspi an déi gëllen Antigaspi Reegelen. Hei gi mer op déi éischt gëlle Reegel an, dat ass intelligent akafen. Bei eis ass den Tom Leclerc vun der ASDA, also der Administration des Services Techniques de l'Agriculture, deen éischten Expert een hei zu Wuert kënnt, an wéi keeft een da lo intelligent an?
D' Liewensmëttelverschwendung fänkt do un, wou een sech sou uschaaft, dat heescht, mam Akaf. Et ass vläicht e Cliché, mee et soll een virun allem net hongereg akafe goen. Donieft ass et tatsächlech scho ganz effikass, sech einfach eng Akafsrecht unzeleeën. Dat kann een digital maachen, um Handy, haut ginn et ganz vill Appen, et kann een awer och physesch maachen, ganz einfach. Do kuckt een da wat een doheem an der Reserv huet oder am Frigo huet, ob een domadder eppes kann ufänken, an dann ajoutéiert een am Fong just déi Saachen, déi een da brauch, fir verschidde Rezepter ëmzesetzen. Da muss een nach drun denken, dass een Killtute villäicht apéckt, wann ee weess, dass een ka Saache muss akafen, Frigo oder Tiefkühlsaachen.
Wann d' Lëscht gemaach ass, da geet een an de Supermarché, no wat muss een do kucken?
Do muss een op vill Saachen oppassen. Éischtens de Wee, wéi een a keeft, dass een als Éischt déi Produite keeft, déi net musse gekillt ginn an eréischt zum Schluss vläit bei de Frigo an ganz zum Schluss bei Tiefkühltru geet, fir do seng Saachen dann direkt an d'Killtru ze maachen, fir déi Killkette sou gutt wéi méiglech ze respektéieren.
Gëtt et och en Tipp fir wéi eng Produit een ee soll akafen, fir intelligent anzekafen?
Am Beschten ass et, et keeft ee keng grouss Volumen an, an och keng Promoen, ausser et weess een, dass een déi Promoen direkt brauch, zemools bei verdierfleche Produiten. Zweetens ass et wichteg fir saisonal a regional anzekafen, well dës Produiten meeschtens kuerz Transportweeër hunn, dat heescht frësch am Buttek leien an zweetens och méi eng laang Liewensdauer hunn, well si eben saisonal produzéiert goufen an net scho wéi laang an engem Frigo.
Méi Infoen an all d' gëlle Reegelen, fannt Der dann och nach eng Kéier op antigaspi.lu
Och intressant ass dass virun epuer Joer nach een Drëttel vun alle Liewensmëttel zu Lëtzebuerg an der Poubelle geland sinn an et elo just nach ee Fënneftel sinn, dat ass dach mol eng gutt Nouvelle!