
Ee Fënneftel vun alle Liewensmëttel landen an der Poubelle. D'Zil ass et bis 2030 d'Liewensmëttelverschwendung ëm d'Hallschent ze reduzéieren. An do ginn et 8 gëlle Reegelen déi mer Iech mam Nico Thielen am Interview mat Liewensmëttelexperten erklären. Fir déi 3. Reegel schwätze mer mam Eric Pesch deen de Schwéngsbetrib mat Metzlerei An Huef zu Krautem huet, soumat ass hien Direktvermaarter.
Eng vun den Antigaspi Reegelen ass jo, d' Killketten net ze ënnerbriechen. An dofir schwätze mer haut mat engem Direktvermaarter, nämlech mam Här Eric Pesch, Dir hutt e Schwéngsbetrib mat Metzlerei an Huef zu Krautem. Wéi gesäit et do aus mat der Killketten a mam Wee bis an de Caddy aus der Vue vum Vermaarter?
Jo, bei eis, well mir eis eegent Schluechthaus hunn, kënne mir déi ganz Killchaîne vun Ufank bis zum Enn garantéieren. Dat heescht, bei eis gëtt d' Déier selwer geschluecht an da kënnt et, datt déi éischt Etapp nom Schluechten ass den Frigo, wou et dann op déi Temperatur, déi et muss hunn, fir sech ze konservéieren, erofgekillt gëtt. Wärend dem Produktiounsprozess hale mir déi maximal 4 Grad, déi erlaabt sinn, an doduerch ass d' Sécherheet vum Liewensmëttel garantéiert.
Firwat ass d'Killlketten iwwerhaapt esou wichteg?
Et ass ganz wichteg, dass d'Killketten net ënnerbrach gëtt, fir dass déi verschidde Liewensmëttel net duerch, dass et net zu Vermehrung vun Mikroben oder Bakterien an deene verschriddene Liewensmëttel kënnt
Jo, dat sinn dann zum Beispill Salmonellen, a wann een där dran huet, da kann een et net méi iessen, an dofir ass dat och wichteg, mee och beim Konsument selwer, dee muss drop oppassen, datt d'Killketten net ënnerbrach gëtt. Kënnt Der do en Tipp ginn?
Am beschte keeft een déi gekillte Liewensmëttel zum Schluss, et transportéiert ee se op deem kierzte Wee bei sech heem, fir se kënnen direkt an de Frigo ze leeën, wou se dann déi richteg Temperatur behalen.
Den Haff an d'Metzelerei An Huef zu Krautem ass dann och zweemol d'Woch op, Freides a Samschdes, wou Der dann direkt vum Vermaarter kënnt akafen. A fir déi aacht gëlle Reegelen nach eng Kéier alleguer nozekucken, gitt op antigaspi.lu.