Virun e puer Joer sinn een Drëttel vun alle Liewensmëttel an der Poubelle gelant. Dëst Joer sinn et der 1 Fënneftel et gëtt also e positiven Trend. Fir an déi Richtung weiderzefueren stellt Iech den Nico Thielen dës Woch déi 8 gëllen Antigaspi-Reegele vir.

24/09/2024 Antigaspi Reegel 4

Déi nächst gëlle Reegel vum Antigaspi déi mer Iech virstellen, ass de Frigo richteg araumen. Dofir hu mer de Liewensmëttelexpert Alain Körner bei eis vun der ASTA, also der Administration des Services Techniques de l'Agriculture. Wat ass e generellen Tipp, deen der de Leit doheem kéint matginn?

Jo, en allgemenge Rot, deen een esou sécher kann emol mat op de Wee ginn, dat ass, wéi soss am Liewen och, Uerdnung ze halen, dat heescht de Frigo propper an opgeraumt ze loossen, och hëllefen dobäi kann d'Liewensmëttel an transparente Behälteren, also am beschten aus Glas, ze raumen, dass een am Fong besser gesäit, wat een am Frigo leien huet. 

Wat kann do hëllefen, fir de Frigo effikass ze organiséieren?

Ben, do gëtt et am Fong deen allgemenge Prinzip vum First in, First out. Dat heescht, dass ech am Fong déi Liewensmëttel, déi ech rezent kaaft hunn oder déi méi laang Haltbarkeet hunn, éischter no hanne stellen, dass ech fir d'éischt déi benotzen, déi méi fréi oflafe well déi scho méi al sinn. 

Dat ass mam An an Ausraumen, de Frigo selwer spillt natierlech och eng Roll, an dat a punkto Temperatur.

Genee, d' Temperature sinn am Frigo nämlech net iwwerall déi selwecht, do gëtt et verschidden Temperaturzonen. Bei méi ale Frigoen ass dat tendenziell, dass se ënnen e bësse méi kal sinn, wéi uewen. Do lounet et sech awer säi Frigo eng Kéier méi genee unzekucken, oder och wann een en neie Frigo keeft, eng Kéier vläit ze kucke wat do mëttlerweil um Marché gëtt. Do si vill Frigoen, déi spezifesch Temperaturzonen ubidden, deelweis och astellbar Temperaturzonen, dass een am Fong de Frigo kann op seng spezifesch Bedürfnisser upassen.

Wousst Dir zum Beispill och, dass Gromperen oder Banannen net an de Frigo kommen. Vill weider Tipps an e Schema mat den Temperaturzonen fannt Dir och op antigaspi.lu.