Mir stellen Iech elo d'Reegel Nummer 5 vum Anti-Gaspi vir. A fir all Reegel hate mer och e Liewensmëttelexpert am Interview, wien hu mer da fir dës Reegel mat dobäi?

25/09/2024 Antigaspi Reegel 5

Déi nächst gëlle Reegel, nämlech Iesswuere richteg lageren, beschwätze mer mam Berthe Melkert. Wéi gesäit et do zum Beispill mam Geméis aus?

Also wann een d' Méiglechkeet huet, ee grousse Frigo iergendwou stoen ze hunn, dann ass dat scho ganz ideal. D'Geméis soll getrennt vum Uebst gelagert ginn, well d'Uebst gëtt Ethylen of, an dat suergt derfir, datt alles, wat do derbäi kënnt, datt dat de Reifeprozess fërdert. Dat heescht, et versuergt sech alles net esou laang. Muerten zum Beispill kann een mam Geleef kafen, dann hält et sech och méi laang. A wann emol eng Kéier eppes, wann der mengt, et wier ze al ginn, et wier ronscheleg ginn, do hëlleft et ganz vill, wann der et an kaalt Waasser leet fir eng Stonn, eventuell nach e bëssen Zocker dobäi maachen, da gëtt et nees ganz frësch a knackeg.

Verschidden Iesswuere sinn dann och vill méi sensibel, wéi d'Fleesch zum Beispill, wéi gesäit et do aus?

Jo, beim Fleesch soll een ganz gutt oppassen. D'Fleesch, do däerf d'Killketten net ënnerbrach sinn, wann een et kafe geet. Réi Gehacktes zum Beispill soll den Dag verschafft ginn, wou een net keeft. Geschnetzeltes, Spiissercher, Gulasch kann een een Dag am Frigo versuergen. De Frigo soll kal sinn, bei véier Grad.

Dir hutt dann och net eent, mee souguer dräi Kachbicher geschriwwen, och fir eis Nolauschterer dobaussen, d'Kachbicher vum Berthe Melkert, an do sinn och flott Saachen dra fir zum Beispill Iesswueren anzemaachen.

Jo, do hunn ech ganz gären drageschriwwen, wéi een déi normal Saachen mol aweckt oder versuergt, wéi zum Beispill Tomaten aweckt oder wéi een seng Kraider aus dem Gaart zu enger gudder Paste maache kann. Mat där Paste zum Beispill ersetzt een sech de Magie oder Küben ganz gutt.

Berthe Melkert fannt Der och op Facebook ënnert Rezepter aus de Bauerekichen an al d'gëlle Reegelen och nach eemol op antigaspi.lu.