Leider ginn dacks Liewensmëttel wechgehäit obwuel se nach gutt sinn! An dat hänkt heiansdo och un engem Mëssverständnis wat den Halbarkeetsdatum ugeet. Den Nico Thielen erkläert eis am Interview mam Liewensmëttelexpert wat genau déi zwee verschidden Halbarkeetsdatumer bedeiten.

25/09/2024 Antigaspi Reegel 6

Fir ze vermeide Liewensmëttel ze verschwenden, ass et och wichteg ze wësse wéini ee Liewensmëttel eigentlech net méi gutt ass. Bei eis ass de Patrick Hau als Directeur Adjoint vun der ALVA also der Lëtzebuerger Veterinaires a Liewensmëttelverwaltung. Wichteg ze wëssen ass emol, dass et zwee Oflafdatumer ginn, bei deenen et wichteg ass den Ënnerscheed ze maachen.
Genau, also dat eent, dat ass eng "Date durabilité minimale", op Däitsch géif mer soen e "Mindesthaltbarkeetsdatum", an deen erkennt een doduerjer, datt virum Datum en Text steet "À consommer de préférence avant le" oder eben, "mindestens haltbar bis".

Vu Produiten ass, dat am Fong alles wat net an de Frigo muss, dat heescht Räis, Nuddelen, Uelechen oder Konserven. A wa lo de Mindesthalt bei kees Datum iwwerschratt ass, wou erënnerkennen ech do, ob et nach gutt ass oder net:

Do ass et esou, datt de Mënsch mat fantasteschem Mooss, Instrumenter ausgerüst ass, also dat ass eis Siicht, e Goût, e Geroch, an do kann een erkennen, ob e Produit nach normal ausgesäit, normal richt, normal schmaacht. Wann dat de Fall ass, kann een dovun ausgoen, datt en nach genéisbar ass. Wann en dat net méi wär, also en hätt sech verännert, da géif ech soen, léiwer net méi iessen, well da soll ee kee Risiko agoen.

Da gëtt et nach de Verbrauchsdatum, deen ass awer méi strikt.

Genau, deen ass reservéiert fir Produiten, déi musse gekeelt ginn, am beschte bei 4 Grad am Frigo, well se eebe verdierflecht sinn. Dat kann zum Beispill Fleesch sinn, Fleeschproduiten, Mëllechproduiten, dann och alleguerten déi virpreparéiert Platen. Déi mussen eebe gekeelt sinn, well soss kënne Bakterien drop wuessen, an dat kann zu enger Gesondheetsgefoer ginn, wann dann dee Verbrauchsdatum do iwwerschratt ass.

Méi dozou och op securite-alimentaire.lu an antigaspi.lu.