
Dës Woch hu mir all Dag zwee Liewensmëttelexperten am Interview. Gëschtermoien hu mir eis zum Beispill mat den Oflafdatumer befaasst. Do gëtt et jo de Mindesthaltbarkeetsdatum, nodeem een de Produit am Prinzip nach genéisse kann, an den Haltbarkeetsdatum, deen da méi strikt ass, wéi beim Fleesch zum Beispill. Eng weider Anti Gaspi Reegel presentéiert iech dann elo de Nico Thielen a sain Invité
Am nächsten Interview hu mer den Här Michael Schenk, den Direkter vun de Service d' éducation et d' accueil fir Maison relaisen a Crèchen, bei Elisabeth. An hire Strukturen gëtt och op den Antigaspi opgepasst, an een deel dovunner ass och eng vun de gëllene Reegele vum Antigaspi, nämlech kleng Portiounen huelen. Wéi gëtt dat ugewannt?
Mir probéieren net iwwer dee Buffetsystem ze funktionéieren, mee mir zerwéieren déi eenzel Portiounen op den Dësch a Schosselen, an d' Kanner kënne sech selwer zerwéieren. Do geet et och ëm dee sozialen Aspekt, datt d' Kanner solle léieren hei, ech huele lo mol een Deel fir mech, dat wat ech packen, datt meng Kolleegen och genuch hunn, an da kënne mer ëmmer nach nohuelen, wann et mer net duer gëtt. Do ass et och wichteg, datt den Educateur mat de Kanner am Grupp ësst, mat de Kanner um Dësch ass, an och de Kanner Erklärunge geet an och e bëssen een an drop hält, datt se eben do raisonabel mat de Portiounen ëmginn.
Wéi gesäit et am offizielle Kader aus? Do kann een zum Beispill als Club och vill fir den Antigaspi mache, mat méi klenge Portionen
Als Club kann ee vill fir den Antigaspi maachen, éischtens kleng Portiounen, zweetens kann een och, wann een een Uewen zum Beispill huet, och Bréidercher bei regionale Fournisseuren huelen. Och gefruere Bréidercher, déi een dann au fur et à mesure kann opbaken, well et weess ee jo ni, verkafe mer elo 100 Thüringer, oder verkafe mer der 500. Dat heescht am Tifküler huet een ee gewësse Stock, an et bäckt een se dann dee Moment esou op, wéi se gebraucht ginn, sou datt vill manner ewech gehäit gëtt. An dat selwecht et och mam Fleesch a mat de Fritten.
Méi Informatiounen dozou an zu deenen anere gëllene Reegele fannt Der op antigaspi.lu.