Beim AntiGaspi geet et drëm manner Liewensmëttel ze verbëtzen, an do kann een natierlech och beim Kachen villes richteg maachen: Den Nico Thielen huet eng Persoun vum Fach déi eis gutt Rotschléi ka ginn.

26/09/2024 Antigaspi Reegel 8

Bei eis ass d' Jennifer Salbrecht, Enseignante am EHTL, der Hotelsschoul, an du bass Enseignante an der Kichen an och an der Theorie, an do ginn och mol kreativ Saache gemaach, och wat d'Reschter ubelaangt. Wat hues de do fir Tipps?

Een Tipp wär zum Beispill, wann ee lo Gromperen ze vill huet, déi einfach wéi se sinn, geschielt, net geschielt, an d' Waffeleisen ze maachen. An da mat allerlee Toppings kann een déi garnéieren. Fir den Topping zum Beispill kéint ee "mixed pickles" maachen. 

Dat ass och e ganz einfacht Rezept: Dat Geméis, wat ee rescht huet, schielen, mondgerecht schneiden, an da kann een esou ee Suut opgéissen. Dat ass einfach Waasser mat Ässeg, een zu eent, bëssen Zocker, bësse Salz, an dann allerlee Gewürzer, déi ee grad doheem huet, Moschterkären, Korianderkären, Peffer, sou wéi et engem am Beschte schmaacht. 

Och ganz einfacht Rezept ass en asiatescht Rezept, dat heescht Okonomiyaki, an dat ass eppes ewéi en décke Paangesch, wou mer alleguerten eis Reschter, déi mer am Frigo hunn, einfach e bësse méi kleng kënne schneiden a sträifen, alles matenee mëschen an einfach an der Pan broden.

Kann d' Hotelsschoul iergendwéi hëllefen mat de Rezepter do? Kënnt een do un Rezepter?

Ma mir hunn e ganz heissen Tipp fir Iech, um Site vun der Hotelsschoul, dat heescht den EHTL.lu, do kann een elo neierdéngs eis Schoulbicher downloaden. Dat heescht, do kann een an der Sichfunktioun ee Stéchwuert aginn, an da kritt een ganz vill Rezepter, wou deen Ingrédient mat dran ass.


Zum Beispill Gromperen, an da kritt een all d' Rezepter mat Gromperen.

Genau, sou funktionéiert dat!


Weider Informatiounen zum Theema Antigaspi fannt Der och op antigaspi.lu.