Am Film 'The bodyguard' spillt de Kevin Costner d'Haaptroll, mee normalerweis gesäit een déi Persouneschützer just eescht kucken, mat enger Mapp am Grapp an engem klenge Kopfhörer am Ouer. Ouni geet et net fir grouss Wirtschaftsbossen, bekannte Schauspiller oder wichteg Politiker. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten de Rainer Schanz op Besuch, deen fir d'Sécherheet vum Gerhard Schröder, Willy Brandt oder Angela Merkel responsabel war. Piano: Marc Schmidt

24-09-2024 RTL-Afterwork: mam Rainer Schanz (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de Bodyguard Rainer Schanz, op e schonn eng Kéier vu senger Waff huet missten Gebrauch maachen. E schwätzt och iwwer säin Buch, dat en als Erënnerung fir seng Enkelkanner geschriwwen huet a mir gi méi gewuer iwwer seng Eskapaden, an dass een am Alter méi roueg gëtt, och op dësem Gebitt.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei, sonndes tëscht 12 an 13 hei um Radio.