
© Patrick Greis
De Rainer Schanz ass Bodyguard vu Beruff. Hien war fir d'Sécherheet vum Otto Schily, Walter Momper, Helmut Kohl, Gerhard Schröder, Willy Brandt an Angela Merkel zoustänneg. Natierlech géif een do bei offiziellen Terminer gäre Maische spillen. De Persouneschützer gëtt dës Woch am RTL Afterwork en Abléck a seng villsäiteg Aarbecht un der Säit vu bekannte Leit. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten e Mann bei sech, deen dacks derbäi war, wa Geschicht geschriwwe gouf. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Rainer Schanz wéi hien den Dag nom Mauerfall zu Berlin mam Willy Brandt ënnerwee war, an deen eng Tréin verdréckt huet. Rieds geet awer och vum leschten Agentenaustausch op der Glienicker Brücke zu Potsdam wou hien derbäi war, a wéi dat deemools alles ofgelaf ass.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei, sonndes tëscht 12 an 13 hei um Radio.