De Rainer Schanz ass Bodyguard vu Beruff. Hien war fir d'Sécherheet zoustänneg vum Otto Schily, Walter Momper, Helmut Kohl, Gerhard Schröder, Willy Brandt an Angela Merkel. Natierlech géif een do bei offiziellen Terminer gäre Mäischen spillen, an de Persouneschützer gëtt dës Woch en Abléck a seng villsäiteg Aarbecht un der Säit vu bekannte Leit. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten e Mann bei sech, deen dacks derbäi war, wann Geschicht geschriwwe gouf. Piano: Marc Schmidt

26-09-2024 RTL-Afterwork: mam Rainer Schanz (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de Rainer Schanz wéi Auslandsvisitten am Detail preparéiert goufen fir d'Sécherheet vun héichgestallten Politiker ze garantéieren. Et geet awer och ëm eng flott Anekdot aus China, wou den Alkohol eng Roll spillt, an d'Preparatioun vun enger Rees vum Poopst Benedikt an Däitschland, wou de Vatikan sech komplizéiert gewisen huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei, sonndes tëscht 12 an 13 hei um Radio.