
© Patrick Greis
Als Bodyguard hat de Rainer Schanz schonn méi wéi eng brenzeleg Situatioun z'iwwerstoen, an där hien bannent Sekonnen huet missten entscheeden. Als Persouneschützer vum Gerhard Schröder oder Angela Merkel war hien ëmmer an der éischter Rei a koum vill erëm. Am 'Café des artistes' huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten e klengen Abléck a seng Aarbecht ginn an och vu senge villen Auslandsreese geschwat. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 muss de Bodyguard Rainer Schanz duerch dem Mike säin 'léiwer oder léiwer'. Mir ginn gewuer op hien e strenge Papp ass, op e léiwer mat Männer oder Fraen zesummen schafft an op hien am Bett e schossséchere Pyjama unhuet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei, sonndes tëscht 12 an 13 hei um Radio.