
© Patrick Greis
De Rainer Schanz ass de Bodyguard, deen fir d'Sécherheet vu sou bekannte Politiker wéi Gerhard Schröder, Willy Brandt oder Angela Merkel responsabel war. Hien huet villes bei senger Aarbecht erlieft, war op Plazen wou soss keen hikënnt, a natierlech huet och d'Privatliewen dorënner gelidden. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten huet den Auteur vum Buch 'Der Mann der aus dem Schatten kommt' eng Revue op säin ofwiesslungsräicht Liewen gemaach. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Eric Nosbusch, och nach als Nosi oder DJ Nosi bekannt. Hien zielt wéi en derzou komm ass opzeleeën an dass seng Mamm um Ufank net frou war well d'Honn bei senger Musek gebillt hunn. Hien erënnert awer och drun, wéi schwéier déi Zäit war, wéi en héieren huet, dass en Leukemie hätt a wéi e mat senger Krankheet ëmgaangen ass.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei, sonndes tëscht 12 an 13 hei um Radio.