
© Patrick Greis
Schéin Momenter wëll ee verlängeren, an dat gëllt natierlech och fir de Summer. Dofir huet d'LuxExpo de 'Long live the summer' an d'Liewen geruff. De ganze WE konnt een bei Workshops matmaachen, Produiten testen a sech um Teller an am Glas regaléieren. Innovatioun a Kreativitéit sinn openeen gestouss a sinn matenaner verschmolt, an all mat deem selwechten But.
Long live the summer - Exposanten

Gëscht huet och dem Kalenner no den Hierscht ugefaangen, a net méi spéit wéi gëschter Owend sinn och déi éischt Drëpsen zu Lëtzebuerg gefall. Bis dohinner huet de Summer awer nach eng Kéier alles ginn, wéi war dat an den Halen vun der LuxExpo. Koum den Event un, huet e säin Zweck erfëllt?
Long live the summer - Leit





Am meeschte gelies