
Liewensmëttelverschwendung huet verschidde Grënn. Mat eisen Interviews iwwert dës Woch hu mer Iech versicht praktesch Reegelen un d'Hand ze ginn fir och doheem kënne matzehëllefen zesumme manner Liewensmëttel ze verbëtzen. Eng weider Aktioun fir den AntiGaspi ass d'Gielt Band, Nico Thielen.
Schonn 2020 gouf vum Landwirtschaftsministère d' Aktioun Gieltband lancéiert, dat mam Hannergedanken d' Liewensmëttelverschwendung ze reduzéieren. Ma wat huet et mat där Aktioun op sech, Nathalie Unsen vum Landwirtschaftsministère?
Jo, et ass eeben esou, datt all Joer d'Beem vill Friichten droen an awer ganz vill ëmmer op de Buedem falen an eben net opgeraf ginn, an esou Liewensmëttel verschwent ginn. An an deem Kader hu mir am Landwirtschaftsministère d' Aktioun Geelt Band agefouert, fir doduerjer déi Beem ze kennzeechnen, wou een dann och uebst dierf plécke goen.
Wéi genau leeft dat of?
Jo, et ass esou, normalerweis kann een net einfach ronderëm lafen an dann Uebst vu Beem plécke goen. An esou ass et, wann der ee Gieltband op engem Bam hänke gesäit, heescht dat, datt de Proprietär explizitt domadder averstanen ass an et souguer erwënscht ass, datt ee och vun deem Bam d' Uebst pléckt, fir datt et eeben net eroffällt a verschwennt gëtt.
Dozou ass och ze soen, dass et och eng Charte gëtt, dass ee soll op Beem oppassen, dass een do näischt futti mécht natierlech, wann ee plécke geet. Wie kann do alles matmaachen?
Jo, do kann am Fong jidderee matmaachen. Also op där enger Säit hu mer d' Leit, déi eeben déi Giel Bännercher ophänken. Dat sinn op der anerer Säit d' Gemengen, déi eben hir Gemengebeem do mat ranhuelen. Et kënnen awer och Privatpersoune Bännercher op hire Beem hänken. An dann natierlech ka jiddereen, deen e gielt Band gesäit, plécke goen.
All d' Gemengen, déi matmaache bei der Aktioun, gielt d' Band an all déi aner Aktiounen am Kader vum Anti-Gaspi, fannt Der och op antigaspi.lu.