
Haut ass de Lënster Maart mat ënner anerem enger Seefekëschtecourse um 17:15 an den Owend Concerte vum Joel Marques an De Läb.
Gutt Affäre kënnt Dir nach bis den Owend 6 zu Rëmeleng um Stroossemaart maachen.
An der Luxexpo ass d'LGX CONVENTION dëse Weekend, mat E-Sport-Tournoien, Retro Gaming, Diskussiounsronnen a Concerten. Special Guests dëst Joer sinn de Schauspiller CLIVE STANDEN, bekannt aus VIKINGS, an de GIMS deen och Iddie fir Mangae liwwert.
D'LGX CONVENTION dauert nach bis den Owend 6, an dann erëm vu muer de Moien 10 bis Owes 6.
Muer ass dann och Réiden am Ausnamezoustand. D'Kropemannsfest fänkt Moies um 10 un a geet bis Owes 7. Natierlech mat Hobby- & Konschtmaart, dem Politiker-Theater an enger Rëtsch Concerte, wéi zum Beispill vu Cool Feet.
Eriwwer an den Osten wou muer zu Menster déi traditionell Quetschekiermes ass. 50 Joer gëtt et Kiermes schonn, och dëst Joer erëm mat frëschem Quetschekraut.
Sportlech si Se muer ronderëm Ëlwen. Do ass vun 8 Auer un den 3Virgins Bike Festival. Déi 4 verschidde Mountain-Bike-Strecke fänke bei der Schwemm zu Ëlwen un, a kommen och do erëm un.
An nach e bëssen ESC-Stëmmung an der Rockhal muer den Owend.
De KALUSH ORCHESTRA, Gewënner vum Eurovision Song Contest virun 2 Joer, trëtt muer am Kader vum CINEAST Festival op.