
© Patrick Greis
Déi ganz Woch gi mer zréck op e puer flott Gespréicher aus de leschte Wochen. D'Alexandra Oxacelay mécht mat hiren méi wéi 70 Mataarbechter eng wichteg Aarbecht bei der 'Stëmm vun der Strooss'. Zu hire berufflechen Statiounen virdrun zielen awer och d'Redaktiounen vun RTL-TVI, dem Radio 100,7, dem 'Avenir de Luxembourg', dem 'Républicain lorrain', dem DNR an dem 'Forum Luxembourg'. Am 'Café des artistes' am Gronn beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten huet si awer verzielt dass si elo definitiv ukomm ass, a sech wuel fillt och wann se all Dag vill gefuerdert ass. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt d'TV Produzentin Viviane Conter, dass en Deel vun de Universal Studios huet missten gespaart ginn well d'TV Crew den Aarm vum 'King Kong' futti gemaach hat. Mir héieren dass d'Viv viru kuerzem zu Las Vegas bestuet gouf an héieren firwat den éischten Mariage viru ville Joren just 3 Méint gedauert huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen