
© Patrick Greis
Schonn déi ganz Woch hate mir op dëser Plaz e puer vun de beschte Momenter aus de leschte Wochen. D'Viviane Conter wierkt als TV-Produzentin Wonner a kuckt, datt alles klappt. All Ekippen, déi mam Viv zesummegeschafft hunn, wëssen, datt d'Laun ni am Keller läit an ëmmer nees eng Léisung fonnt gëtt. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten héieren, dass och vill aussergewéinlech Reesen um Programm stoungen. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et un der RTL-Journalistin Caroline Mart. Bekannt duerch d'Emissioun Kloertext, schwätzt d'Caroline iwwer hier Ufankszäit um Radio an bei der Tëlee. Mir gi gewuer wéi et deemools war als eenzeg Fra an der Redaktioun, wéi ee mat der Popularitéit ëmgeet a wéi et war mat grousse Politiker wéi François Mitterrand, Gerhard Schröder an Jean-Claude Juncker Interviewen ze maachen.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen