Am Summer dëst Joer koum d’Nouvelle, dass den Deputéierte Max Hengel seng Kriibs-Erkrankung net iwwerlieft hätt. De Raoul Roos mat engem Portrait iwwert de Miseler Politiker.

01/11/2024 In Pace: Max Hengel

Iwwert de Max Hengel gouf an de leschte Wochen vill geschriwwen a gesot.

"Mediateur", "een deen ni geklot huet". "En oppent Häerz an en oppent Ouer". A bis zu lescht en "Optimist".

De Max Hengel war Buergermeeschter vun der Gemeng Wuermer an ass am Januar 22 an d’Chamber komm. Ënnert de Leit huet e sech wuel gefillt wéi en och a senger Untrëttsried an der Chamber ënnerstrach huet.

De Max Hengel war kee Schönwetter-Politiker deen nëmmen dann eppes op Facebook gepost huet wann et ëm gutt gaang ass, wann e mat der Famill an d‘Vakanz gefuer ass oder seng Musel Pikes bei deene e laang President war, en Titel gewonn hunn.

En ass vun Ufank u mat senger Kribbs-Erkrankung oppen ëmgaang an huet d‘Leit och un den net sou schéine Momenter an de soziale Netzwierker deelhuele gelooss. Dat war e bewosste Choix  wéi de Max Hengel an engem Interview am Kader vum Televie verroden huet.

A wann et him gesondheetlech net méiglech war op engem vun de Wäifester a senger Riislingsgemeen oder och soss present ze sinn, da gouf dat oppe kommunizéiert.

De 17. August ass de Max Hengel am Alter vun nëmmen 47 Joer gestuerwen