14 Schüler aus dem Arts et Métiers fotograféieren Auteuren. Dat am Kader vun de Walfer Bicherdeeg.
3 vun hinnen hu mir mam RTL Mikro begéint.

11/11/2024 Walfer Bicherdeeg: Schüler fotograféieren Auteuren

Den Enzo Frédéric zielt eis firwat hie sech bei deem Projet ageschriwwen huet.

Enzo Frédéric: “D’Schoul mécht zanter e puer Joer schonn do mat, mir maachen ebe weider! T’ass eng zimmlech interessant Geleeënheet, well mir ënner Zäitdrock stinn. Ech mengen, mir ginn ‘à rude épreuve’ gesat andeems mir an enger Woch déi Fotoe musse maachen.”

RTL

© Bea Kneip

Kyra Schmitz: wéi bass du op d’Fotografie komm?

Kyra Schmitz: “Ech hunn et einfach ëmmer scho mega interessant fonnt. Ech hunn och Konscht mega gär. An dann einfach och Fotoe vun der Konscht kënnen ze maachen huet mech einfach interesséiert.”

RTL

Mënsche portraitéieren, gehéiert zu deene schwieregsten Disziplinne vun der Fotografie, den Olav Roesgen weist sech onbeandrockt.

Olav Roesgen: “T’ass ganz einfach: ech probéieren der Persoun esou vill Fräiheeten ze loosse wéi méiglech. Dat heescht, d’Persoun ka selwer entscheeden wéi eng Deeler vu sech selwer si op der Foto wëll weisen. Wëll se eescht wierken, frëndlech wierken, asw. ... Dat sinn alles Saachen, do loossen ech de Leit einfach hir Fräiheeten. Ech probéieren einfach d’Natierlechkeet vu de Mënschen eraus ze bréngen, wat u sech eng ganz schwéier Aufgab ass an der Fotografie. T’ass net esou simpel, wéi ech mir dat virgestallt hunn a wéi vill Leit dobausse sech dat virstellen.”

RTL

© Bea Kneip

Respekt!
D’Porträte kritt Dir op de Walfer Bicherdeeg ze gesinn, déi sinn de Weekend vum 16. November. Wann Dir direkt eppes wëllt gesinn: da fuert bis op Walfer, virun der Maison Dufaing si scho 14 Fotoe vun deene nämmlechte Schüler ausgestallt.
D’Thema hei: Wanderlust. Dat ass dëst Joer iwwregens och d’Iwwerschrëft, déi sech d’Walfer Bicherdeeg ginn.