
© pixabay
Kamala Harris oder Donald Trump? Geschwë wësse mer wien den neien amerikanesche Präsident – oder Präsidentin gëtt. Verschidde Sänger a Schauspiller hu sech schonn am viraus geäussert, fir wie si wielen.
1960 huet de Frank Sinatra mam Titel “High Hopes” eng Hymne fir dem John F. Kennedy seng Campagne geschriwwen. An och dëst Joer twittert d’Sängerin Charlie XCX "kamala is brat"; an zack huet dem Kamala säin Team dëst iwwerholl. Beemol war déi ganz Kamala-Campagne an der selwechter grénger Faarf wéi den neien Charlie XCX-Album.D’Schauspillerin an Oscar-Gewënnerin Jennifer Lawrence seet an engem Interview, d’Kamala wier déi besser Kandidatin. Virun allem, sou d’Jennifer, well si sech fir d’Ofdreiwungsrecht vu Fraen asëtzt.
Op der Säit vun der Kamala Harris stinn ënner anerem och de Sänger Bad Bunny, d’Sängerinnen Ariana Grande an Jennifer Lopez, de Moderator Jimmy Kimmel, d’Sängerin Taylor Swift, de Schauspiller George Clooney, de Sänger Bruce Springsteen, an d’Sängerin Beyoncé.
A wie gëtt seng Stëmm dem Trump?
Den Elon Musk post am Juli op der Plattform X, hie géif den Trump zu 100 Prozent ënnerstëtzen. De Schauspiller Dennis Quaid, deen een elo och an der Roll als Ronald Reagan am neie Film "Reagan" gesi kann, seet den Donald Trump wier en Idiot, mee hie wier säin Idiot.
De Schauspiller Zachary Levi, de Profi-Wrestler Hulk Hogan, d’Model Amber Rose, d’Rapperin Azelia Banks, an de Sänger Kodak Black sote si géingen den Trump wielen.
Donieft ginn et awer och Staren, déi net wëllen ëffentlech maachen, wat si op hirem Stëmmziedel ukräizen. Dozou gehéieren de Schauspiller Dwayne "The Rock Johnson", oder de Museker Pharrell Williams.