Egal op de Journal, déi grouss Walowenter, d'Soirée Télévie oder de 'Kloertext'. D'Caroline Maart ass zanter ville Joren eng 'valeur sûre' op der Televisioun. Am 'Café des artistes' haten den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten d'Geleeënheet der Vollbluttjournalistin emol Froen ze stellen. Mir ginn gewuer wéi et deemools war als eenzeg Fra an der Redaktioun, wéi een mat der Popularitéit ëmgeet a wéi et war mat grousse Politiker wéi François Mitterrand, Gerhard Schröder a Jean-Claude Juncker Interviewen ze maachen. Piano: Marc Schmidt

04-11-2024 RTL-Afterwork: mam Caroline Mart (Méindeg)

Muer géint 17h15 zielt d'Caroline Mart wéi et war als Quotefra an d'Radiosredaktioun ze kommen. Mir héieren dass deemools nach richteg vill gefeiert gouf bei RTL an op d'Caroline sech als Spaassbrems gesäit.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen