D'Caroline Mart kann een an eng Rei stellen mam Anne Sinclair, Sandra Maischberger an Oprah Winfrey. Alles staark Fraen mat hirer Talkshow. Just dass d'Caroline am 'Café des artistes' d'Heft mat de Froen aus dem Grapp geholl krut an den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten d'Rudder iwwerholl hunn an d'Caroline Kloertext geschwat huet. Piano: Marc Schmidt

05-11-2024 RTL-Afterwork: mam Caroline Mart (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 zielt d'Caroline Mart wéi d'Reaktiounen op den éischten TV Optrëtt waren. Mir héieren wéi et deemools war schwanger an enger Redaktioun mat Männer ze schaffen a firwat deemools Tréinen doheem gefloss sinn.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen