E Plang B gouf et fir d'Caroline Mart u sech net. Journalismus an RTL stoungen fréi fest, an deenen 3 Buschtawen bleift d'Mme 'Kloertext' och bis haut trei. Déi grouss Walsendungen, d'Sonndesfro oder den Interview mam Premier um Enn vum Joer fir just déi ze nennen, kann ee sech net méi ouni d'Caroline virstellen. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten vill schéin Storyen héieren déi deemools nach méiglech waren an dobäi huet d'Caroline och de Spagat tëscht Mamm a Beruff gemeeschtert. Piano: Marc Schmidt

06-11-2024 RTL-Afterwork: mam Caroline Mart (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 zielt d'Caroline Mart wéi et ass wann d'Leit een op der Strooss begéinen? Awer och d'Commentairen um Internet an Fakenews iwwer d'Caroline ginn thematiséiert.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen