An der Sendung 'Kloertext' léisst d'Caroline Mart sech net sou séier en i fir en u virmaachen a kennt d'Fakten. A wann d'Gespréichspartner aus Wirtschaft a Politik net op d'Froen äntweren huet een schlecht Kaarten bei der routinéierter Talkmasterin. Am 'Café des artistes' waren d'Rollen anescht verdeelt an d'Caroline stoung dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten Ried an Äntwert. Piano: Marc Schmidt

07-11-2024 RTL-Afterwork: mam Caroline Mart (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 zielt d'Caroline Mart wéi den Ëmgang ass mat der Grande-Duchesse. Mir héieren awer och wéi opreegend et am Elysée zu Paräis beim François Mitterrand war, wéi de Bernard Kouchner virun a wärend dem Interview war, an héieren e Funfact iwwer de fréieren Premier Jean-Claude Juncker.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen