
© Patrick Greis
Vu senge Gespréichspartner am 'Kloertext' ass d'Caroline Mart zum Deel gefaart, op d'mannst awer respektéiert well d'Journalistin ëmmer gutt informéiert a bis an de leschten Detail preparéiert ass. Am 'Café des artistes' am Gronn haten den Dan Spogen, Raoul Roos, de Mike Fandel an d'Shari Schenten sech och déi richteg Froen erausgesicht fir d'RTL-Kolleegin anescht virzestellen wéi een si zanter Joer an Dag vun der Televisioun hier kennt. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 muss d'Caroline Mart sech bei 'léiwer oder léiwer' tëscht Catwalk a Concours a Loftgittar entscheeden. Mir héieren wéi d'Caroline no engem stressegen Dag relaxéiert, a wéi déi no berufflech Zukunft ausgesäit.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen