
© Patrick Greis
D'Caroline Mart huet an der RTL Redaktioun Pionéieraarbecht geleescht, als éischt Journalistin virum Mikro a spéider der Kamera, an zanterhier kënnt d'Caroline bal am Journal, bei grousse Walowenter, der Soirée Télévie oder am Kloertext bei d'Leit heem an d'Stuff oder iwwer d'App iwwerall hin. Am gemittleche Kader vum 'Café des artistes' huet déi deemoleg Quotefra dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten iwwer déi haart Ufanksjoren an den Ënnerscheed mat haut geschwat, an och privat Ablécker zougelooss. Piano: Marc Schmidt.
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Kach mat Hutt, Ben Weber, dee gläichzäiteg och President vum VATEL-Club ass, déi d'Expogast all 4 Joer organiséieren. Vun him héiere mer dass et allméiglech Gäscht gëtt wou déi eng Fritten ze waarm fannen oder anerer 25 Rullen Toilettëpabeier mat heem huelen. Mir héiere wéi hien de 'Champion am Gromperepüree' ginn ass an, dass seng Mamm dru Schold ass, dass en dee Wee ageschloen huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen.