
© Pierre Levy
D’ Walfer Bicherdeeg sinn DE Rendez-vous fir Bicherfrënn an Frendinnen.
Déi gréisste Bicherfoire am Land gëtt d’nächst Joer 30 Joer al.
D’Nathalie Jacoby ass Directrice vum CNS, dem Centre National de Littérature, a gëtt eis en Iwwerbléck iwwert de Programm dëse Weekend:
D’Nathalie Jacoby: “Mir hu ganz vill verschidde Stänn vu Professionnellen. Awer och Bicheroccasiounsmaart an eise Books for Kids fir d’Kannerliteratur. Mee do niewendrun hu mir och e ganze Programm mat ville Liesungen, mat Animatioun, an och mat Musek.”
Fir jiddereen eppes derbäi also!
Wat ass d’Roll vun der Lëtzebuerger Literatur op de Walfer Bicherdeeg?
D’Nathalie Jacoby: “D’Lëtzebuerger Literatur huet natierlech eng ganz grouss Roll. An eiser Hal 2, eiser professionneller Hal, do si natierlech d’Lëtzebuerger Editeuren vertrueden, verschidde Lëtzebuerger Auteuren. Do kann een de Leit aus dem Secteur begéinen, sech deemno wéi en Autogramm vu sengem Liblingsauteur besuergen. Dovun ofgesin ass jo op eisem Ouvertüresowend ëmmer d’Zeremonie vum Lëtzebuerger Buchpräis. Dat heescht d’Lëtzebuerger Auteuren hunn op de Walfer Bicherdeeg eng ganz grouss Fenster.”
Thema dëst Joer: Wanderlust...
D’Nathalie Jacoby: “Engersäits entschleunegen, sech eng Vakanz huelen. Eventuell zur Rou kommen. Mee anersäits ass et eben och vläicht dat Erauskommen, Erausbriechen fir Neies ze erliewen.”
Also: briecht aus, an entdeckt dëse Weekend op de Walfer Bicherdeeg e flotte Programm mat natierlech och der traditioneller Dictée.
All d’Infoe ginn et och op