Vum 22. bis de 24. November ass um Glacis nees d’Art Week, eng grouss Konscht-Foire, op där vill international Galerien hir Kënschtler an d’Vitrinn stellen.
Am Virfeld vun der Art Week sinn an der Stad schonn eng sëllege Konschtwierker ze gesinn.

06/11/2024 Art Week: Konscht an der Stad INTERNET

Eent dovunner ass vun der Kënschtlerin Marion Verboom. Dir hutt et vläicht scho gesinn: déi zwou gëlle Saile virun enger Bank vum Boulevard Royal.
Op den éischte Bléck erënneren déi Sailen deen een oder anere vläicht un zwee indianesch Totemen. Wat war dann der Kënschtlerin hir Iddi?  

Marion Verboom: "On peut dire que c'est influencé par l'art totémique, mais dans ma tête ce n'était absolument pas ça. J'avais envie de réaliser un sondage, un carottage du sol en géologie et pouvoir prélever des fragments du temps ancien et pouvoir élever cette carotte dans l'autre sens. La retourner en quelque sorte."

T’ass also wéi wann een eng Zort archeologesch Buerung gemaach hätt, an déi länglech Form déi do erauskënnt dann dohinner gestallt hätt. D’Wierk heescht och Tectonie, hëlt also Bezuch op déi verschidde Schichten am Buedem.
Méi Konscht vum Marion Verboom gëtt et dann op der Art Week selwer, dat um Stand vun der Galerie LeLong...

Marion Verboom: "Il y aura une pièce qui s'appelle 'Broken Glory', qui est une pièce de taille plus réduite évidemment. C'est une pièce qui s'accroche au mûr et qui est en céramique et en verre moulé."

RTL

© Sophie Margue

RTL

© Sophie Margue

RTL

© Sophie Margue