
© Patrick Greis
John Rech, Max Mutzke, Michèle Turpel an d'LSC-Auditiounen waren d'Affiche vum LIVE! planet people gëschter mam Dan Spogen.

Dem John Rech säin neien Projet heescht 'Dream Catcher & The Big Gang Theory'. Heifir goufen 12 bekannte Lidder nei arrangéiert. Elo gëtt et en Album an e Concert den 22ten November 'Opderschmelz'.


Dem Max Mutzke seng Karriär geet schonn 20 Joer, an d'Jubiläumstour bréngt hien en Donneschdeg op Diddeleng. Hien, deen souwuel am Pop, Rock, Soul, Funk oder Jazz doheem ass, ass awer och Auteur vum Buch 'So viel mehr' wou et ëm hien selwer geet.


D'Michèle Turpel lieft fir d'Bün an ass elo mam 3ten Solo-Programm 'Mämmories' op Tour. Nom éischten Solo-Programm 'Croque Mëssio' (2009) an 'Autopsy' (2019) allebéid och schonn aus der Fieder vum Jemp Schuster


Nom ESC ass virum LSC. Déi éischt Etapp sinn d'Auditions, dëse WE an der RTL City wou en internationale Jury en éischte Choix mécht. Heiranner vertrueden sinn Gewënner aus viregten Editiounen ea den Eldar Gasimov 2011 Gewënner zu Düsseldorf fir den Aserbaidjan.
