
© Patrick Greis
De Ben Weber ass Kach a säin Markenzeechen ass den Hutt. Gläichzäiteg ass de Ben och President vum VATEL-Club, déi all 4 Joer d'Expogast organiséieren, wou déi kulinaresch Welt sech zu Lëtzebuerg Rendez-vous gëtt. Vun him héieren den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten, dass et a sengem Restaurant allméiglech Kaschtgänger gëtt, wou déi eng Fritten ze waarm fannen oder anerer 25 Rullen Toilettëpabeier mat heem schleefen. Mir héiere dass de 'Cuoco del anno' also de beschte Kach vun Italien 2012 vun Haler kënnt, an dass seng Mamm dru Schold ass, dass en dee Wee ageschloen huet. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Ben Weber, wéi hien zu München am Musée als klenge Benni verluer gaangen war. Mir héieren d'Geschicht wéi hien zum 'Champion am Gromperepüree' ginn ass an déi 4 bueren nach emol no, wéi en Iessen vu senger Mamm him a schlechter Erënnerung bliwwen ass.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen