
© Patrick Greis
De Ben Weber ass Kach vu Formatioun an huet et schonn a jonke Joren bis an d'Spëtz vum renomméierten Vatel Club bruecht, deen all 4 Joer zu Lëtzebuerg d'Expogast organiséiert, wou d'Käch vun der ganzer Welt sech matenaner moossen. Och hien ass schonn vill gereest an huet sech vu Land a Leit inspiréiere gelooss. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten huet een och séier säin speziellen Humor eraushéieren, zemol wéi et drëms gaangen ass wat hien bei d'Kachmaschinn bruecht huet. Seng Mamm. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Ben Weber wéi den Ëmgang mat de Clienten ass. Mir ginn gewuer, firwat hien net zu deene Käch zielt déi, un den Dësch kommen a verréit wéi et ass, wann eng Cliente 25 Rullen Toilettëpabeier klaut.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen