Den Ben Weber ass net just als Kach ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt. Hien huet säin eegene Kapp a weess wat e kann, a wann een en erausfuerdert, dann hëlt hien den Challenge gären un. De Kach mat Hutt, huet um Camping vun den Elteren aus enger Frittebud e Restaurant gemaach wou en seng Clienten och gären iwwerrascht ouni vill Explikatiounen. Am 'Café des artistes' am Gronn sinn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten gewuer ginn dass hien eng speziell Relatioun zu de Gäscht huet. Piano: Marc Schmidt

13-11-2024 RTL-Afterwork: mam Ben Weber (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 zielt de Ben Weber firwat hien deen Hutt iwwerhapt ëmmer ophuet. Mir héieren wéi eng Concoursen hien schonn matgemaach huet, a ginn gewuer dass de beschte Kach vun Italien 2012 vun Haler koum.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen