
© Patrick Greis
De Ben Weber huet et fauschtdéck hannert den Oueren. Awer net just als Kach, a President vum VATEL Club. Hien suergt fir 'Gudde Kascht' an huet do seng eege Philosophie woubäi hien sech och gären an d'Dëppen kucke léisst wou vill Produiten aus der Regioun verschafft ginn an Nohaltegkeet grouss geschriwwe gëtt. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten et awer och mat engem zimmlech gewëtzten ze dinn gehat, deen näischt ubrenne léisst. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 geet et mam Kach Ben Weber ëm Tattooen, ze waarm Fritten, Glieser déi musse gewiesselt ginn, a mir héieren op him säin Hutt bei Reklamatiounen zimmlech séier héich geet oder op e mat der Zäit geléiert huet méi diplomatesch ze ginn.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen