De Ben Weber ass Kach, an zoustänneg, dass e gudde Maufel op den Teller kënnt. De Ben gëtt sech domadder awer net zefridden, stellt sech ëmmer nees a Fro, probéiert nei Saachen aus an huet och keng Angscht sech mat anere Käch op internationaler Basis ze moossen. De Kach mat Hutt, huet awer och soss eng drop, wéi hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten am 'Café des artistes' bewisen huet, an hinnen keng schëlleg bliwwen ass. Piano: Marc Schmidt

15-11-2024 RTL-Afterwork: mam Ben Weber (Freideg)

Muer géint 17h15 zielt de Ben Weber, dass hien a jonke Joren géint den Dan Fussball gespillt huet. Hien muss sech tëscht Zorro a Robin Hood entscheeden, an mir héieren eng Anekdot wou hien am Wanter mam Auto hannerzeg gefuer ass, fir nach ee Leschten ze kréien.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen