De Ben Weber ass de Kach mat Hutt a Chapeau fir alles wat hien schonn erreecht huet. Hien steet zB un der Spëtzt vum VATEL-Club wou et all 4 Joer bei der 'Expogast' ëm kulinaresch Delikatessen geet. Am 'Café des artistes' sinn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten gewuer ginn dass seng Mamm net kache konnt a schold war u senger Beruffswiel, dass hien 'nationale Champion am Gromperepüree' an beschte Kach vun Italien 2012 ass. Mee e krut och bei 'léiwer oder léiwer' vum Mike de Wuerm gezunn. Piano: Marc Schmidt

16-11-2024 RTL-Afterwork: mam Ben Weber (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Henri Leconte. Déi fréier Nummer 5 an der Welt vum Tennis wunnt 80% vun der Zäit zu Lëtzebuerg. Hien vergläicht de Grand-Duché mat Monaco, erënnert u seng schéinst a seng schwéierst Momenter um Terrain, zielt wou op der Welt d'Nuetsliewen am beschten ass a verréit och firwat hien a senger aktiver Zäit sou e grousse Verschläiss u Racketten hat.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen