Den Trifolion zu Iechternach kennne mir als Kulturhaus. Mee do ginn haut ganz aner Téin ugeschloen. Wëll den Trifolion ass de Moien e klenge Kachstudio.

Hutt dir dann och schonn iwwerluecht wat fir Chrëschtdag soll zerwéiert ginn? Et ass net méi esou laang bis dohinn. A wann deen déi Kéier géif vegetaresch a vegan ausfalen?
Ob dat gelénge kann froe mir eise Mann op der Plaz, de Christian Schmit

30/11/2024 Vegetareschen a vegane Chrëschtdagsmenu

Moie Michelle hei vun Iechternach. Jo d'Rezepter leie prett, d' Schiertecher si verdeelt, an elo kann et geschwë lass goen.Vegetaresch a vegane Chrëschtdag's Menu? Mir hunn Tammy Diderich bei eis. Si ass diploméiert Diéticienne, an erfuere Kächin, déi op vegetarescht an zocker fräit Iesse spezialiséiert ass, weist eis an desem Workshop, wéi dir kënnt e geschmaachvollen a festleche Menü ouni Fleesch zauberen. Wat kënnt dann op den Dësch?

RTL
RTL
RTL
RTL
RTL