Mat der Netflix-Serie vun haut si mir am True crime-Beräich. An der 1.Staffel gouf de Kannibal Jeffrey Dahmer portraitéiert, an der zweeter ass et e ganz anere Fall.

19/11/2024 Série iwwer Sérien - Monsters

An dofir handelt et sech bei Monsters ëm eng Anthologie-Serie, an all Staffel steet en anert "Monster" am Mëttelpunkt. Fir Leit, déi American Crime Story gär haten, ass dat hei genee dat richtegt. Et geet ëm d'Menendez-Bridder, déi 1989 hir Elteren ëmbruecht hunn. E besseren Iwwerbléck kritt dir am Trailer.

Déi zweet Staffel ass en immensen Erfolleg, ënnert anerem och, well se immens gutt geschriwwen ass. Am Ufank mengt ee wierklech, datt d'Bridder albliddeg Psychopathe sinn, mä wéi si viru Geriicht kommen, kommen Erklärunge vum Motiv dobäi, sou datt ee sech op eemol freet, wien d'Monster ass. Et entwéckelt een en ënnere Konflikt tëscht gleewen ech et oder net, verstinn ech et oder net, an dat mécht eppes mam Zuschauer. Zousätzlech dozou gëtt dat wichtegt Theema vum Kannermëssbrauch opgegraff.

De Fall ass duerch d'Serie och erëm esou aktuell ginn, datt d'Leit verlaangen, datt d'Menendez-Bridder fräi komme sollen. Keen anert wéi d'Kim Kardashian, dat jo en Droit-Studium gemaach huet a sech fir Leit asetzt, déi fir hatt onschëlleg am Prison sëtzen oder vun der Justiz falsch behandelt ginn, verlaangt, datt si fräi komme sollen. An op TikTok ass eng ganz Beweegung entstanen. Anscheinend gëtt de Fall duerch nei Beweiser rëm opgerullt. Solle si fräikommen oder net? Maaacht iech op Netflix einfach selwer e Bild.

Vill Spaass beim Kucken.