Meeschtens schmaachen Medikamenter zimmlech batter. Mee stellt Iech vir, dir géift Olivenueleg op är Zalot oder Pizza maachen, an et géif schmaachen an gutt dinn. Den Dr Marc Keipes, Direkter am grousse GesondheetsZenter op der Gare ass op eng interessant Etüd gestouss a réckelt direkt mat der Sprooch eraus.

Déi Studie ass vun der Harvard Uni a publizéiert an där berüümter Zäitschrëft Jama. Deelgeholl hunn 92000 Leit déi wärend 28 Joer vun 1990 bis 2018 suivéiert goufen. Um Ufank waren d'Participanten an der Moyenne 56 Joer al. Dass déi ongesiedegt Fettsaieren de Vitamin E an déi vill Polyphenole gutt fir den Häerzkreeslaf sinn, war schonn e bësschen gewosst.

Dr Marc Keipes - Olivenueleg - Etüd

An dann nach e puer praktesch Fakten iwwer d'Etüd, an hiert Resultat.

An dësem Grupp sinn bal 5.000 Leit un Demenz gestuerwen, mee wann d'Auteuren ënnersicht hunn, hu se eng Korrelatioun fonnt, vun deene Leit déi 7gr Olivenueleg, also e bësschen méi wéi en Téiläffel voll, geholl hunn, well do ass d'Demenz dann ëm 28% manner heefeg gewiescht. D'Antioxidantien schéngen also net nëmmen fir d'Oderen gutt ze sinn mee och fir d'Gehier. Donieft hunn natierlech reegelméisseg Beweegung, Verzicht op Alkohol, behandelen vu Bluttdrock oder Zocker sech positiv ausgewierkt. Versicht also ëmmer Olivenueleg 'Extra Vergine', also kal gepresst ze huelen, an der Plaz vun anere Fetter, da bleift dir gesond.

Dr Marc Keipes - Olivenueleg - Pluspunkten