Den Henri Leconte ass eng fréier Nummer 5 an der Welt vum Tennis a wunnt 80% vun der Zäit zu Lëtzebuerg. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten vergläicht hien de Grand-Duché mat Monaco, erënnert u seng schéinst a seng schwéierst Momenter um Terrain, zielt wou op der Welt d'Nuetsliewen am beschten ass a verréit och firwat hien a senger aktiver Zäit sou e grousse Verschläiss u Racketten hat. Piano: Marc Schmidt

18-11-2024 RTL-Afterwork: mam Henri Leconte (Méindeg)

Muer géint 17h15 zielt den Henri Leconte op hien interesséiert wier an d'Politik ze goen. Mir héieren wéi hien seng aktiv Zäit mat där vun den Tennisspiller vun haut vergläicht a ginn gewuer firwat den John Mc Enroe keng Autogrammer wollt ginn.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen