
© Patrick Greis
Den Henri Leconte huet op der ATP World Tour 9 Eenzel- an 10 Duebeltitel gewonne a war 1986 d'Nummer 5 an der Weltranglëscht. Am 'Café des artistes' am Gronn huet den 61 Joer ale Fransous vu Lillers dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten en Abléck a seng sportlech Karriär ginn, awer et gouf och méi perséinlech Momenter, déi sou net a sengem Buch: 'Balles neuves' stinn. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 kënnt den Henri Leconte op de Match zréck, wou hie géint de Pete Sampras gewonnen huet, also den 159 géint d'Nummer 6 an der Weltranglëscht, quasi e Wonner. Hie schwätzt awer och vu senge Feeler wéi zB wéi e géint de Mats Willander verluer huet, a mir héieren, wéi d'Press doropshi mat him ëmgespronge ass.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen