'Balles neuves' heescht dem Henri Lenconte säi Buch, an den Tennisspiller paakt do aus iwwer seng Karriär, déi eppes wéi eng Achterbunn war. Grouss Momenter a genee sou grousse Déifpunkte wiesselen sech of. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten sech fir ee vun de weltbeschten Tennisspiller interesséiert, deen vun 1982 bis 1994 ouni Ënnerbriechung an der franséischer Davis-Cup-Equipe gespillt huet. Piano: Marc Schmidt

20-11-2024 RTL-Afterwork: mam Henri Leconte (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 zielt den Henri Leconte wéi hien zu Bercy am Match géint den John McEnroe ausgepaff gouf. Den Tennisspiller verréit wéi hien sou Situatioune geréiert huet an mir héiere wéi hie mat sengen Tennis-Kolleege Ilie Năstase, Björn Borg a Guillermo Vilas bis an de moien eran gefeiert huet a verschidde Groussstied onsécher gemaach huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen