Am Juli huet den Henri Leconte seng 61 Joer gefeiert. Déi fréier Nummer 5 an der Tennisweltranglëscht wunnt zu Lëtzebuerg. Am Internationale Profitennis vun den 1980er Joren gouf hien als de 'geniale Clown' beschriwwen. Hien ass ëmmer, souguer a wichtege Matcher, duerch seng Grimassen a seng Gesten opgefall. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten hien awer och op déi schwéier Momenter a senger grandioser Karriär ugeschwat. Piano: Marc Schmidt

21-11-2024 RTL-Afterwork: mam Henri Leconte (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 zielt den Henri Leconte firwat hien owes gären an Australien versackt ass a wéi laang hien haut brauch, wann hien eng Soirée duerchmécht. De Leconte schwätzt och iwwer de Boris Becker, déi sech dacks um Terrain begéint sinn a sech näischt geschenkt hunn, an hie beschreift säin Frënd Ion Țiriac als streng mä gerecht, deen näischt duerchgoe gelooss huet, soss huet et gerabbelt.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen