
© Patrick Greis
Dës Woch huet de Rafael Nadal dem Tennis Äddi gesot. Beim Henri Leconte war dat schonn 1996 op der ATP Tour de Fall, duerno ass en nach op der ATP Champions Tour ugetrueden. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten déi fréier Nummer 5 an der Weltranglëscht u seng grouss Zäiten erënnert wou hien e puer Dreem wouer gemaach huet, fir sech perséinlech a fir eng ganz Natioun. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt den Henri Leconte dass e keng Kakuette méi ësst well se e klenge Bäigeschmaach hunn an déck maachen. Hien verréit wéi hien de Stress geréiert a mir gi gewuer ob hie säi aktuellt Buch 'Balles neuves' selwer geschriwwen huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen.