Den Henri Leconte huet 1988 Tennisgeschicht geschriwwen, wéi hie bei de French Open an d'Final gezunn ass. Zesumme mam Yannick Noah hat hien 1984 do am Doubel gewonne an 1985 huet hien nees mam Noah an der Doubelfinal vun den US Open gestane. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten et mat engem joviale Mënsch ze dinn gehat, deen d'Gewannen iwwer alles gestallt huet an zum Déier konnt ginn. Awer net nëmmen déi sportlech Säiten goufe beliicht vun deem, deen zu Lëtzebuerg eng nei Heemecht fonnt huet. Piano: Marc Schmidt

23-11-2024 RTL-Afterwork: mam Henri Leconte (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um däitsche Schrëftsteller Tom Hillenbrand, dee sech als Krimiauteur mat de Bicher ronderëm de Xavier Kieffer e Numm gemaach huet, déi hei zu Lëtzebuerg spillen. Hien verréit wéi hien zum schreiwe komm ass, dass hien zu Lëtzebuerg e Stage bei der europäescher Kommissioun gemaach huet. Mir ginn gewuer firwat hien japanesch geléiert huet an dass säin Papp zwou Wochen net méi mat him geschwat huet wéi hien sech d'Hoer gréng gefierft huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen