
© RTL / Stephan Pick
Datingformater op der TV gëtt et der vill. Schonn eleng um däitschen RTL geet et vu 'Bauer sucht Frau', iwwer 'Take me out' bis bei de 'Bachelor'. Elo kënnt awer nach eng Kuppelsendung derbäi, an zwar fir déi eeler Generatioun. De 'Golden Bachelor'. Am Januar eruewert de Frank Stärk RTL, awer vun haut un kann een d'Episoden schonn op RTL+ kucken.
Déi Charge als Ü-60-Amor huet fir den 73järegen e gewësse Reiz.
Fir déi, déi net genee wëssen wéi de Bachelor funktionéiert. Dat ass d'Sendung mat de Rousen, wou een Woch fir Woch all déi Dammen besser kenneléiert, a sech an all Episod vun enger trenne muss, déi een enttäuscht huet oder engem säin Häerz net sou erreecht wéi déi aner.
De Frank Stärk ass éischter de Charmeur vun der aler Schoul, a muss sech elo op 20 ënnerschiddlech Fraen astellen, déi alleguerten vum Rousekavaléier déi grouss Léift erhoffen. Keng einfach Missioun fir den Hunn am Kuerf an hien stellt sech och vill Froen.