
© UNICEF Lëtzebuerg
Haut ass de Weltkannerdag. Dofir gëtt et och e flotte Site "weltkannerdag.lu" op deem een allerlee Informatioune ronderëm dësen Dag kritt. Mental Gesondheet ass och bei der Jugend e grousst Thema well mat allem, wat am Moment an der Welt geschitt, ass déi mental Gesondheet haut méi wichteg wéi jee.
Dofir huet UNICEF Lëtzebuerg zesumme mat hire Youth Ambassadeuren eng Campagne Ufanks dës Mounts gestart, déi d’mental Gesondheet bei Jugendlechen ënnerstëtze soll.
D’Hannah an de Julien sinn en Deel vun de Youth Ambassadeuren vun UNICEF Lëtzebuerg. Wat fënnt een dann op der neier Internetsäit "neteleng.lu" Julien?
Wat fënnt een op der Internetsäit, Julien?
"Ma d'Internetsäit neteleng.lu vun Unicef ass opgestallt, dass mer e Beräich hunn, wou all d'Helplines ze fanne sinn, wou een och direkt kann drop klicken, wann een Hëllef brauch. An dann awer och Videoe vun Influencer, vun Kënschtler, wou einfach iwwert hir Erfarunge mat der mentaler Gesondheet schwätzen an hir Tipps an hir Tricks e bëssen an de Vierdergrond setzen. Nieft deene Videoe vun den Influencer sinn awer och nach Videoe vu Professionellen do, déi professionell Tipps Strategië ginn, wéi een zum Beispill mat Leeschtungsdrock soll ëmgoen oder wann ee gemobbt gëtt, ob dat op de Soziale Medien ass oder an der Schoul."
D’Hannah erkläert, firwat et wichteg ass, d’Thema mental Gesondheet ze enttabuiséieren.
"De Projet ass säit dem World Mental Health Day den 10. Oktober online. Et ass en Theema wat méi Leit betrëfft, wéi ee vläicht heiansdo mengt, an och wann een oft mengt, wéi een eleng mat senge Problemer, dat ass ee sécher net. An dës Campagne ass eebe grad dofir do, fir d' Theema mental Gesondheet ze stigmatiséieren an eeben déi Jonk ze motivéieren driwwer ze schwätzen, sief et mat der Famill, mat de Frënn, oder eeben notamment och mat Professionellen. An et ass eeben dofir do, fir déi Jonk ze encouragéieren, e sech Hëllef ze sichen, wann een se brauch, awer och fir den Erwuessenen iergendwou ze weisen, dass dës Problemer existéieren."
Fir weider Informatioune, kuckt op
.