Den Tom Hillenbrand huet sech als Krimiauteur, mat de Bicher ronderëm de Stärekach Xavier Kieffer e Numm gemaach, déi hei zu Lëtzebuerg spillen. Am 'Café des artistes' am Gronn verréit den däitsche Schrëftsteller dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten dës Woch wéi hien zum schreiwe komm ass an dass hien zu Lëtzebuerg e Stage bei der europäescher Kommissioun gemaach huet. Mir ginn gewuer firwat hien japanesch geléiert huet an dass säin Papp zwou Wochen net méi mat him geschwat huet wéi hien sech d'Hoer gréng gefierft huet. 
Piano: Marc Schmidt

25-11-2024 RTL-Afterwork: mam Tom Hillenbrand (Méindeg)

Muer géint 17h15 zielt den Tom Hillenbrand firwat hien net Braumeeschter wéi säin Papp ginn ass. Mir héieren, dass hien a jonke Joren eng Kéier der Police negativ opgefall ass an hien seet e Saz op japanesch fir ze beweisen dass hien dat nach ëmmer kann.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen