
© Patrick Greis
Haut ass den Tom Hillenbrand en unerkannte Schrëftsteller, deen mat senge Krimie ronderëm de Lëtzebuerger Stärekach Xavier Kieffer seng Sue verdéngt. Bis et souwäit war huet hie sech awer selwer misste fannen an huet vill verschidde Phasen duerchlieft, wéi hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten am 'Café des artistes' verzielt huet. Hie war net ëmmer sou schéin brav am Kostüm wéi haut. Piano: Marc Schmidt.
Muer géint 17h15 zielt den Tom Hillenbrand wéi de Wee hien als Stagiaire bei déi europäesch Kommissioun op Lëtzebuerg gefouert huet a firwat hien dee Wee net weidergaangen ass. Mir gi gewuer wéi hie bei der Telebörse gelant ass, a wat hien op New York verschloen huet, ier hie säin éischte Krimi de WE niewelaanscht geschriwwen huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen.