
© Patrick Greis
Schreiwen ass dem Tom Hillenbrand senges. Den Krimiauteur huet sech awer viru senge Bestseller och nach an anere Sparten ausprobéiert ier Bicher erauskoumen wéi 'Teufelsfrucht' 2011, oder duerno 'Rotes Gold', 'Letzte Ernte', 'Tödliche Oliven', 'Gefährliche Empfehlungen', 'Bittere Schokolade' a 'Goldenes Gift'. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten eraushéieren, dass de Wee bis dohinner e puer Kéieren an Ëmweeër hat. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt den Tom Hillenbrand firwat seng Krimie ronderëm de Stärekach Xavier Kieffer zu Lëtzebuerg spillen. Mir héieren awer och dass Lieser sech direkt mellen, wann an engem Buch e Feeler iwwer Lëtzebuerg dran ass, an e Floss dee falsche Wee leeft oder well den Haaptpersonnage ze vill fëmmt.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen