
© Patrick Greis
Den Tom Hillenbrand ass e Mann mat enger grousser Fantasie. No der Studentenzäit an där e sech d'Haren ofgestouss huet, no engem Praktikum zu Lëtzebuerg bei der europäescher Kommissioun an senger Zäit bei der Telebörse huet hien sech op seng eege Féiss gesat an huet sech Geschichten ronderëm de Stärekach Xavier Kieffer afale gelooss. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten an der Vergaangenheet vum Bestsellerauteur gewullt a sinn op geheimnisvoll Saachen gestouss. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt den Tom Hillenbrand zanter wéini hien vun de Bicher liewe kann. De Schrëftsteller verréit dass e Problemer mat der Héicht huet, a mir ginn gewuer op et fir den säin Personnage, de Stärekach Xavier Kieffer, e Virbild gëtt.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen